CodeKlass: „Codéiere léieren an e bessert Verständnis fir dat Numerescht entwéckelen“

02.02.2019

Lëtzebuerg wëll sech am Digitale behaapten, dem Land eng Virreiderroll am numeresche Secteur operleeën, a gëtt sech dofir d‘Moyenen. E gutt Beispill datt et dem Educatiounsministère domatter eescht ass, sinn déi 24 Studenten, déi zu Walfer eng „cool“ Formatioun matgemaach hunn. Am „EduPôle“ zu Walfer, hu 24 Premièresschüler, dorënner bal d‘Hallschent Meedercher, un enger Formatioun vun „Digital Luxembourg“ deelgeholl. Während zwou Wochen hunn d‘Studenten sech mam Codéieren auserneegesat, an och soss Interessantes geléiert. Hei hunn déi jonk Erwuessener geléiert hir eege Websäit an och ee Spill ze erschafen. Zweck vun der Formatioun: d‘Wichtegkeet vum numereschen am Kontext vun hire weidere Studien oder dem zukünftege Beruffsliewen ze erfaassen. Eng gutt Iddi, well eis digital Welt ass riseg a komplex. D‘Formatioun ass dann och nëmmen eng vu ville Mesuren, déi eis jonk Matbierger un d‘Codéieren an d‘Kreatioun am numeresche Beräich soll eraféieren. Si fënnt statt am Kader vun der Initiativ „Digital Luxembourg“ an den Interessi un dësem edukative Projet ass entspriechen héich. Mat dësem Projet, de Code jidderengem no ze bréngen, sollen all d‘Schüler ugeschwat ginn. De Projet ass dann och an Zesummenaarbecht mat „numericALL“ ausgeschafft ginn. Flott dann och nach d‘Feststellung, datt trotz Summervakanz, d‘Resultater d‘Freed um léieren ënnersträichen.

https://moien.lu/verstandnis-fir-dat-numerescht/

retour